Sénégalités – Eng Rees op Djinack Bara fir den 3. a 4. Cycle vun der Grondschoul

 

D’Adama an de Boubacar wunnen zu Djinack Bara, engem klenge Fëscherduerf am Senegal.

Di zwee Kanner huelen iech mat an hiert Duerf fir iech ze weisen wéi si do liewen. Si erziele vu Schoul a vu Fräizäit, vun allem wat am Alldag wichteg fir si ass…

An dësem neie Workshop fir den 3. an de 4. Cycle vun der Grondschoul, hëlt en Animatiounsvideo d’Schüler mat an d’Duerf Djinack Bara bei d’Adama an de Boubacar. Interaktiv Atelieren erméiglechen de Schüler Themen ewéi Waasser, Gesondheet, Ernierung, Schoul an d’Roll vu Jongen a Meedercher ze verdéiwen.

All Schüler kritt eng Broschür mat Fotoen aus dem Duerf Djinack Bara.

Am November 2018 ass d’ikl-team, mat „Sénégalités“ zu Bouneweg an der Gelléschoul. Wann dir, fir är Schoul, interesséiert sidd um Projet, mellt iech bei eis: ikl@asti.lu

Um Internetsite www.senegalites.lu kënnt Dir, ab November, zousätzlech Informatioune fannen.

Eng flott Broschür gëtt en Abléck an d’Themen, déi wichteg si fir d’Bevëlkerung vun Djinack Bara: Waasser, Gesondheet, Ernierung, Schoul, Fräizäit a Fester.

Mat der Ënnerstëtzung vu Pharmaciens sans Frontières, war den ikl wärend 10 Deeg op Besuch zu Djinack Bara, huet bäi hinnen am Duerf gewunnt, dierft mat de Kanner an d’Schoul goen, mat de Leit feieren, a krut en Abléck an hiert Liewen. Dës fantastesch Erfarung huet et och erlaabt, en Austausch tëscht den 10-12 järege Schüler vun Djinack Bara an der Grondschoul vun Téiteng an d’Weeër ze leeden an ze begleeden.

D’Brochür ass en Temoignage dovun. « Djinack Bara entdecken! E klengt Fëscherduerf am Süde vum Senegal um Atlanteschen Ozean, wou Salz- a Séisswaasser sech matenee vermëschen! »

Zousätzlech goufen Atelieren ausgeschafft, déi de Grondschoulen zu Lëtzebuerg ugebuede ginn. Wann Dir Iech fir „Sénégalités“ interesséiert, mellt Iech bei :

IKL
10-12 Rue Auguste Laval
L-1922 Luxembourg
Tél : +352 43 83 33
Fax : +352 42 08 71

ikl@asti.lu

www.ikl.lu

Sénégalités brochure