Catch a Smile asbl

Jonker hëllefe Flüchtlingen

Am November 2015 ass e Grupp vun 9 lëtzebuerger Volontäre mat engem Hëllefsconvoi
a Refugiéscampen an de Balkan gefuer, fir do aktiv Mënschen, déi op der Flucht sinn, ze hëllefen. No dësem Asaz war d’Motivatioun grouss, eng Vereenegung ze grënnen, déi et erméiglecht, méi strukturéiert weiderzefueren, Donen a Fonge méi einfach ze geréieren a mat  weidere Convoien enger sëlleschen anere Léit nach ze hëllefen.

Et ass genau dat wat d‘Mënschen op hire villen Etappe vun de private Volontäre kréien. Nieft Kleeder, Iessen a Gedrénks ass et virun allem e “Laachen“ daat d’Mënschen an de Flüchtlingscampe vun de jonke Volontaire kréien. E klenge Geste vu Mënschlechkeet, deen näischt kascht, awer enorm wäertvoll ass.

Eng Doze Convoie sinn zanter 2015 vu Catch a smile organiséiert ginn an d’Bereetschaft ass ongebrach, och an Zukunft nach weiderzefueren, esou laang d’Hëllef gebraucht gët.

 

Kontakt :

Catch a Smile asbl

info@catchasmile.org

9, rue Belair

L-4997 Schouweiler

http://www.catchasmile.org/