Babbelcafé Transition Nord

Zanter Ufank 2018 fënnt zu Wooltz an enger gemittlecher Ambiance am Café vum Prabbeli de Babbelcafé statt, dee vum Grupp „Transition Nord“ all leschte Freideg am Mount vun 18h30 bis 20h30 organiséiert gëtt.

De Babbelcafé ass e „Café de Langues“; dat Wuert „babbelen“ gëtt am lëtzebuergesche Sproochgebrauch vill benotzt, virun allem wann e vu Kanner schwätzt, déi eng Sprooch léieren.

 

De Babbelcafé ass geduecht fir dass auslännesch Matbierger eis Lëtzebuerger Sprooch kënne praktizéieren. Viraussetzung fir mat ze maachen ass, dass si scho mol a Sproochecourse waren, fir dass si eng Basis hunn, d.h. scho vill verstinn a schonn e bësse schwätze kënnen.

De Babbelcafé ass awer och op fir Matbierger, ob Lëtzebuerger oder net, déi eis Sprooch gutt kennen, an déi Loscht hu fir Leit aus anere Kulturen ze begéinen an eppes iwwer sie gewuer ze ginn, iwwer hiert

Land an iwwer de Wee dee si gemaach hunn fir bei eis ze kommen an hinne mat ganz prakteschen Informatiounen iwwer Lëtzebuerg ze dingen oder einfach nëmmen zesummen iwwer all méiglech

Themen ze schwätzen. An enger zweeter Phase sollen och nach aner Sproochendëscher

Ugebuede ginn.

 

Informatiounen a Kontakt :

Transition Nord

transitionnord@cell.lu

 

Facebook Transition Nord