Narin asbl

Zesumme fir all

Nodeems am Summer 2015 all Woch méi Flüchtlingen an Europa ukomm sinn an ëmmer méi friemefeindlech Stëmmen haart gi sinn, hunn de Michel Scholer an d’Amandine Rafael eng privat Kleeder-Collecte fir Flüchtlinge gestart. Si hunn doropshin hier Kollegen iwwert Facebook encouragéiert, mat ze spenden. Dësen Opruff huet sech séier verbreet, sou dass innerhalb vun zwou Wochen iwwer 15’000 Leit dovu gelies hunn a bal 40 Tonne Kleeder gespend goufen. Net nëmmen de Volume vun den Spende, mee virun allem den Elan an den Enthusiasmus vun den iwwer 200 Benevollen huet si iwwerwältegt an dozou bruecht, eng Associatioun ze grënne, fir an Zukunft punktuell Aktiounen fir bedürfteg Leit kënnen ze organiséieren.

D’Associatioun versicht jidderengem säi Recht op gläich Méiglechkeeten ze fërderen an ze sécheren, onofhängeg vun sénger Nationalitéit, séngem Geschlecht, sénger Religioun, sénger sexueller Orientéierung oder sénge physesche Capacitéite, mam Ziel, eis Gesellschaft méi inklusiv ze maachen.

D’Associatioun ass benannt nom Narin, engem syresche Meedchen, dat aus Kobane zu Fouss bis op Lëtzebuerg geflücht ass, an trotzdem e Laachen an eng ustiechend Liewensfreed behalen huet !

 

Projeten :

Kleedersammlung, inklusive Fussballturnéier, Rally duerch d’Stad mat Equipe vunn Awunner a Flüchtlingen, Sammelaktioun vun digitalem Material, Refugee Higher Education Program, Jugend a Politik, Integratiounsiessen, a.s.w.

Narin asbl ass eng Band vu Jonken, déi engagéiert a mat villen Iddie Projeten ëmsetzen, aner Jonker matrappen an Interessi u Politik a Gesellschaft promouvéieren.

 

Contact:

Narin asbl

https://www.association-narin.com/

info@association-narin.com

Michel Scholer

m.scholer@association-narin.com

+352 661 298 868