Catch a smile Ausstellung « We have seen... »

Catch a Smile huet eng Wanderausstellung. Et ass en Temoignage vun engem Joer aktiver Flüchtlingshëllef un de Grenze vun Europa.

An iwwer 100 Fotoe weist CaS wat hier Volontairë gesi resp. erlieft hunn, dëst am Balkan (Serbien, Kroatien, Slowenien), zu Grand-Synthe am Frankräich an a Griicheland (Insel Chios, Idomeni, Athen an Thessaoniki).

Et sinn dacks Momentopnamen, déi net all op den éischte Bléck vill aussoen, mee op den zweete Bléck an am Kontext fir sech schwätzen. Gewise ginn awer och méi perséinlech Fotoen, ënnert “special Moments“, Biller mat Mënschen déi di Fräiwelleg vu CaS bei hieren Asätz kennegeléiert hunn an ëmmer erëm besicht hunn.

Donierwt sinn awer och eng Réih perséinlech Wieder ze liesen, déi Volontaire geschriwwen hunn, dëst dacks no engem Asaz fir d’Erliefnisser ze verschaffen.

 

Kontakt :

Catch a Smile asbl

9, rue Belair • L-4997 Schouweiler
LUXEMBOURG

info@catchasmile.org

www.catchasmile.org